Lernbausätze
“Getriebebausatz MD1”
Een zu Lëtzebuerg entwéckelt a produzéiert Gesamtkonzept fir d’Funktiounsweis vu mechanesche Boîten kennen ze léieren an ze verstoen exklusiv bei eis.
Dëse Léierbausaz setzt sech aus 5 ënnerschiddlech Iwwersetzungsprinzipien zesummen a bitt een Ausbléck an d’Welt vun de mechaneschen Iwwersetzungen.
Am Léierbausaz enthalen sinn:
- eestufeg Iwwersetzungen mat Zännrieder
- méistufeg Iwwersetzungen mat Zännrieder
- eestufeg Iwwersetzungen mat Ketten
- eestufeg Iwwersetzungen mat Rimmer
- méistufeg Iwwersetzungen mat Reiwrieder
Dëse 55-deelegen Bausaz erméiglech vill Léierméiglechkeeten. Zum Beispill kann d’Verständnis vun der Funktiounsweis vu mechanesche Boîten geléiert ginn, Iwwersetzungsverhältnisser gerechent a selwer ausprobéiert ginn, Fachterminologien trainéiert ginn, a nach villes méi. Ee groussen Deel vun de Baudeeler ginn additiv produzéiert, wat dem Notzer een éischte Schratt an d’Welt vun den additiven Hierstellungsprozesser weist.
Frot Iech är Offer un.





